D’ ELTEREVERTRIEDER vun der Mierscher Grondschoul haten den 25. Januar 2020 hiren zweete LIESMOIEN fir déi Mierscher Schoulkanner aus de Cyclen 2 an 3 an der Ecole Jean Majerus organiséiert. Virgelies goufen den „Zog an d’Dokteren aus der Loft” an „D’Schmetten an d’Schmooen“. Eng Ronn 50 Kanner hunn der Madame Martine Schoellen, Traductrice vun dësen 2 Bicher vum Julia Donaldson an Axel Scheffler, zesummen mat hiren Elteren nogelauschtert. Duerch der Gemeng hir Ënnerstëtzung war et méiglech bei engem Kaffi oder Schocki an engem Croissant sech ënnerteneen auszetauschen.

Mat Hëllef vum Schoulcomité konnte mir vun der Schoulbibliothéik profitéieren. Des Initiative gouff och vun der regional Schouldirectioun begreisst an ënnerstetzt. Hinnen all nachmol ee grousse Merci. Dëss zweet Editioun war och erëm richtege Succès an en drëtte Liesmoien waert mat grousser Secherheet an Zukunft stattfannen.

ELTEREVERTRIEDER vun der Mierscher Grondschoul