Miersch, de 18. Mäerz 2020

Léif Elteren,

wéi schéin, datt mir trotz den aktuellen Ëmstänn sou gutt Wieder hunn, wat de Kanner an Iech erlaabt vill dobaussen ze spillen, an de Bësch ze goen, d’Natur ze genéissen, grad lo am Fréijoer gëtt et jo vill Interessantes z’entdecken, oder vläit am Gaart ze schaffen a vun der Sonn ze profitéieren.

Nieft dem Spillen dobaussen an dobannen, nieft flotte Bastel-a Molaktivitéiten, dem Erziele vu Geschichten a Kucke vu Sachbicher besti vill Méiglechkeeten d‘Kanner an Ären Alldag anzebannen… déi Kleng si bestëmmt frou fir beim Kachen a Baken eng Hand unzepaken an duerno hir eege Kreatioune kënne mat Iech zesummen ze genéissen.

Mir schécken Iech hei 3 flott Linken, déi Iech vläicht kéinten interesséieren:

  • Aktivitéiten déi d’Sendung mit der Maus ubitt:

https://www.wdrmaus.de/filme/sachgeschichten/index.php5

  • Fir Geschichten a Lidder op lëtzebuergesch ze kucken an ze lauschteren:

https://www.youtube.com/channel/UC4cJRV4f5cLgIxPwFugFxwg?fbclid=IwAR0Gdyf6epDqKHYgDWSYsCkK-LZ1XPGGqUbntwSpO6jc6aQq40F14WESgo8

  • Kigaportal bitt de Moment gratis Ideeën un:

https://www.kigaportal.com/ng/ng6/de/ideen/eltern

Donieft fannt dir um Internet jo nach vill aner flott Linken iwwer Déieren oder soss Themen déi de Kanner hirem Alter ugepasst sinn.

D’Ideeë ginn Iech sécherlech net aus, d’Vielfalt ass grouss.

Mir wënschen Iech vill Freed mat Äre Kanner zesummen.

Fir d’Mierscher Grondschoul, d’Equipe vum C1

 

Chers parents,

malgré la situation actuelle, au moins le beau temps vous permet de jouer avec vos enfants à l’extérieur, de faire des promenades en forêt en découvrant la nature, surtout qu’au printemps il y a beaucoup à observer, de travailler éventuellement au jardin, tout en profitant du soleil.

A côté des jeux à l’extérieur comme à l’intérieur, des activités de bricolage, de peinture et de dessin, faites plaisir à vos enfants en leur racontant des histoires ou en découvrant des sujets intéressants avec eux dans des livres d’éveil. Il y a tant de possibilités de laisser participer vos enfants à des activités de votre vie quotidienne… pourquoi ne pas cuisiner ou faire de la pâtisserie avec eux pour ensuite pouvoir déguster vos créations ensemble?

Nous vous envoyons 3 liens, qui pourraient vous intéresser:

  • Activités proposées par la «Sendung mit der Maus» :

https://www.wdrmaus.de/filme/sachgeschichten/index.php5

  • Histoires en luxembourgeois:

https://www.youtube.com/channel/UC4cJRV4f5cLgIxPwFugFxwg?fbclid=IwAR0Gdyf6epDqKHYgDWSYsCkK-LZ1XPGGqUbntwSpO6jc6aQq40F14WESgo8

  • Idées gratuites proposées par Kigaportal :

https://www.kigaportal.com/ng/ng6/de/ideen/eltern

Sur internet vous trouvez bien d’autres liens en rapport avec les animaux et autres thèmes adaptés à l’âge des enfants.

Nous vous souhaitons beaucoup de plaisir avec vos enfants. Profitez-en au maximum!

Pour l’école fondamentale de Mersch, l’équipe du cycle 1