Dëse Projet huet als Ziel de Vëlo bei eise Kanner méi attraktiv ze maachen!
De Vëlo ass eng ideal Aart a Weis fir kuerz Distanzen zeréckzeleeën an dobäi eppes fir d´Gesondheet a fir d´Ëmwelt ze maachen. En huet säi feste Bestanddeel am Stroosseverkéier, en ass eng propper Léisung fir d’Erausfuerderunge vun Haut a vu Muer unzegoen.
Do dernieft fuerdert Vëlofueren d‘Dynamik an di sportlech Beweegung vun eise Kanner.
Andeems d´Kanner mam Vëlo an d´Schoul fueren, sech beweegen, bauen si Stress of an hunn nach Spaass derbäi.
De Schoulwee ass oft deen éischte Wee deen e Kand eleng zeréckleet. Et läit also an der Responsabilitéit vun eis all, dëse Wee sécher a benotzbar fir eis Kanner ze gestalten. An dësem Kader hunn d´Elterevertrieder, zesumme mat der Schoul, der Gemeng an der Verkéierskommissioun, e Plang op d´Been gesat op deem déi sécherste Weeër definéiert sinn.
Um Plang sinn d‘Weeër mat engem Faarwecode agezeechent:
Gréng : D´Kanner kënnen an aller Sécherheet Vëlofueren, hei si keng motoriséiert Gefierer ënnerwee
Orange: D´Kanner mussen oppassen: Dës sinn entweder Stroossen mat limitéiertem Verkéier, oder Stroossen mat méi Verkéier, mee da sinn d’Trottoirë breet genuch fir kënnen drop ze fueren
Rout: Gefor – d´Kanner musse vum Vëlo erofklammen an op dëse Plazen nieft dem Vëlo goen
Déi Weeër déi mir Iech proposéiere sinn net ëmmer déi kierzten, mee et sinn op jidfer Fall déi sécherste Weeër!
Mir froen Iech awer d´Kanner bei dësen éischte Schrëtt fir mam Vëlo an d´Schoul ze fueren ze begleeden:
- Dir sidd verantwortlech dofir, dass de Vëlo vun de Kanner konform zum Code de la Route ass, an dass d´Kanner en Helm unhunn.
- D´Kanner sollen och hell a reflektéierend Kleeder unhunn.
- Bréngt Äre Kanner bäi opmierksam am Stroosseverkéier ënnerwee ze sinn, besonnesch bei An- an Ausfaarte vu Garagen, bei Dreckskëschten op den Trottoiren, bei Autoen déi geparkt sinn oder ofbéien.
- Weist äre Kanner wéi ee richteg iwwert d‘Strooss geet.
- Schwätzt mat äre Kanner a begleet se am Ufank.
Zum Schluss, froe mir Iech, Elteren, dass och Dir Iech de Gefore vum Schoulwee bewosst gitt a selwer oppasst keng zousätzlech Geforequellen ze schafen andeems Dir :
- vermeit d´Kanner mam Auto an d´Schoul ze bréngen
- Vitesse Limitatiounen um Schoulwee a ronderëm Schoulinfrastrukture respektéiert
- Fuerverbuet, Parkplazen an « Kiss and Go » Zonë respektéiert
- Iech net op den Trottoirë parkt.