Projet fir eng Fernsehsendung am Cycle 4 um Krounebierg

Krounebierg TV

Krounebierg TV ass e Projet fir eng Fernsehsendung, deen d’nächst Joer am Cycle 4 um Krounebierg uleeft. Eng fest Equipe vu Schüler aus verschiddene Klassen produzéiert Inhalter fir dës Sendung; parallel dozou gëtt och ofwiesselnd mat de Klassen aus dem Cycle 4 zesummegeschafft.

D’Ekipp vu Krounebierg TV besteet aus engem Redakterteam an engem Filmteam.

D’Kanner am Filmteam léieren alles iwwert d’Aarbecht hannert der Kamera. Si kréie gewisen, wéi ee mat enger Kamera emgeet a wéi ee filmt. Si léieren wéi een e propperen Toun ophëllt a wéi ee mat de Luuchte schafft. D’Aufgab vun dësem Team besteet also doran Filmmaterial fir eis Sendung ze erstellen.

D’Kanner vum Redakterteam plangen d’Sendung. Si léieren wéi een e Skript / Dréibuch um Computer opsetzt, mam Greenscreen schafft, wéi ee virun der Kamera schwätzt a wéi een en Interview plangt a féiert. D’Film- an d’Redakterteam gesinn och, wéi een d‘Filmmaterial duerno zu enger kompletter Sendung zesummeschneid.

D’Ekipp vu Krounebierg TV trëfft sech dofir regelméisseg an der Mëttesstonn, awer och emol während de Schoulstonnen oder außerhalb vun der Schoul.

Ze gesinn ass déi fäerdeg Sendung iwwregens duerno op engem passwuertgeschützte Beräich vun eiser Homepage, a fir all Mierscher Klassen op eisem schoulinterne Medieserver.