D’ ELTEREVERTRIEDER vun der Mierscher Grondschoul haten de 25. Februar 2023 hiren traditionelle LIESMOIEN fir déi Mierscher Schoulkanner aus de Cyclen 1 an 2 an der Ecole Jean Majerus organiséiert. Virgelies gouf „déi dräi Béis“. Eng Ronn 50 Kanner hunn der Madame Martine Schoellen, Traductrice vun dësem Buch vum Julia Donaldson an Axel Scheffler, zesumme mat hiren Elteren nogelauschtert. Duerch der Gemeng hir Ënnerstëtzung war et méiglech bei engem Kaffi oder Schocki an engem Croissant sech ënnerteneen auszetauschen.
Mat Hëllef vum Schoulcomité konnte mir vun der Schoulbibliothéik profitéieren. Hinnen all nach emol ee grousse Merci. Dës drëtt Editioun war och erëm richtege Succès an en neie Liesmoie wäert mat grousser Sécherheet an Zukunft stattfannen.
ELTEREVERTRIEDER vun der Mierscher Grondschoul