MiCo -Mierscher Schülercomité

De Schülercomité soll de Kanner eng Plattform ginn, fir hir Iddien a Gedanke fir d’Mierscher Grondschoul ze äusseren. Sou kënnen d’Schüler aktiv bei der Gestaltung vun der Schoul matschaffen a léieren demokratesch Wäerter a Prozesser kennen. Aus all de Klassen vum Cycle 3.2, 4.1 a 4.2 gëtt ee Vertrieder an de MiCo gewielt. De Klassevertrieder kritt am Kader vum Schülercomité verschidden Aufgaben, Missiounen, déi e mat senge Matschüler erfëlle soll.