Den LCD-Miersch huet eis Klassen aus dem Cycle 4 op hire Christmas Market 2019 invitéiert. No engem Concert kruten eis Schüler aus de Klassen Napoli-Elcheroth, Goffinet, Goedert-Glaesener, Schaus, Ziadé & Weyrich verschidden Atelieren zum Thema Chrëschtdag organiséiert. Et gouf eng kleng Challenge a Form vun e puer aktive Spiller, et goufe Kichelcher dekoréiert an et gouf zesumme gebastelt. D’Schüler haten e spannende Moien an hunn sech eng éischte Kéier d’Gebai vum Lycée kënne vu bannen ukucken.

Fotoen: Sylvia Napoli, Martine Goedert, Mathis Weyrich & Ben Schaus