22.11.2019: Op Initiativ vum SCRIPT mat hire Gruppe mimamu a makedra hunn dräi Klassen aus dem Cycle 4 vun der Mierscher Schoul “A Play in a Day” presentéiert: An engem eenzegen Dag ass zesumme mat de Kanner, de Leit vum SCRIPT an den Enseignants eng mise en scène zum Thema “Klima » entstan, déi den Dag selwer owes ëm 19.00 Auer opgefouert gouf. Et war ee riise Succès a mir hunn all vill flott Erënnerungen un den Dag. Een décke Merci all deenen, di eis ënnerstëtzt hunn: Mierscher Kulturhaus, Gemeng Miersch, Schoul Miersch an d’Elterevertrieder Miersch.

Hei fannt dir den Artikel op der Homepage vum makedra, mat engem kuerze Video.

D’Titulaire vun de Klassen Napoli-Elcheroth, Goedert-Glaesener & Ziadé

Fotoen & Text: Jeff Elcheroth