« Hannah Arendt ersinnt keine Gedankengebäude, sondern steigt direkt in die Arena. Auf die Bühne ihres kleinen Theaters zu treten, heißt denken – Denken heißt Handeln!”
Sou heescht et an der Beschreiwung vum Buch, passend zum Theaterstéck, dat den 8. Oktober 2019 am Mierscher Kulturhaus fir Schoulklassen opgefouert gouf.
D’Klass Elcheroth/Napoli aus dem C4 war dobai an huet vill mat heem geholl aus dem Stéck, dat op eng impressionnant Manéier vum AGORA Theater vu St Vith gespillt a gesonge gouf. Dono hate mir d’Geleeënheet, mat de Kënschtler an der Regie Assistentin Susi Muller ze schwätzen, Froën ze stellen an de Christophe Bleser aus dem Kulturhaus huet alles am Bild festgehal.
Villmols Merci fir di wäertvoll Erfahrung a bis glaich erëm am MKH!
Jeff Elcheroth & Sylvia Napoli (Titulairë vun der Klass)
Text: Jeff Elcheroth
Foto: Christophe Bleser