D’ ELTEREVERTRIEDER vun der Mierscher Grondschoul haten den 18. Mee hiren éischte LIESMOIEN fir déi Mierscher Schoulkanner aus de Cyclen 1 an 2 an der Ecole Jean Majerus organiséiert. Virgelies goufen de „Grüffelo” an „Dem Grüffelo säi Kand“. Eng Ronn 50 Kanner hunn der Madame Martine Schoellen, Traductrice vun dësen 2 Bicher vum Julia Donaldson an Axel Scheffler, zesummen mat hiren Elteren nogelauschtert. Duerch der Gemeng hir Ënnerstëtzung war et méiglech bei engem Kaffi oder Schocki an engem Croissant sech ënnerteneen auszetauschen.

Mat Hëllef vum Schoulcomité, a mie besonnegduerch dem Schoulmeeschter Roger Frisch säin Engagement konnten mir vun de Raimlechkeeten vun der Schoulbibliothéik profitéieren. Des Initiative gouff och vun der regional Schouldirectioun begreisst an ënnerstetzt. Hinnen all nachmol ee grousse Merci. Dëss éischt Editioun war e richtege Succès an en zweete Liesmoien waert mat grousser Secherheet an Zukunft stattfannen.

ELTEREVERTRIEDER vun der Mierscher Grondschoul