Mir entdecke Jickebunnen
Mir entdecke verschidde Jickebunnen, probéieren d'Fonctionnement ze verstoen, bauen se ëm an experimentéieren dermat fir dann eis eege Klasse-Jickebunne ze erfannen an ze bauen.
Mir recycléiere Pabeier
Wou kënnt de Pabeier hir? Wat kann een mat alem Pabeier maachen? Mir kucken eis de Wee vum Pabeier un a maachen aus Zeitungsreschter nei Blieder.
Experimenter mam Fred 1
De Fred ass eng virwëtzeg Seechomes déi villes verstoen an entdecke wëll. Mir hëllefen him verschidde Froen duerch Experimenter ze beäntweren.
Experimenter mam Fred 2
De Fred as eng virwëtzeg Seechomes déi villes verstoen an entdecke wëll. Nodeems d'Schüler mat der Aktivitéit Fred 1 hier éischt Versich am Labo gemaach hunn, duerfen si elo mat neie Geschichte a mam Fred aner Experimenter ausprobéieren.
Experimenter mam Fred 3
D’Aventure mam Fred geet weider. No enger klenger Intro maache mir nei flott Experimenter mat der klenger Seechomes.
de Schied
D’Kanner kréie kleng Aufgaben a léieren doduerch mam Schied ze spillen an en ze verstoen.
Loft
Loft ass net „näischt“. Mat flotten Experimenter léiere mir di verschidden Eegenschafte vun der Loft besser kennen.
Magnetismus
Magnéiter faszinéieren d’Mënsche säit Dausende vu Joren. Och eis Äerd ass e risege Magnéit. Mir probéieren a flotten Experimenter di „magesch“ Kraaft vun de Magnéiter siichtbar ze maachen.
Sonn, Mound a Stären
Wouraus besteet eis Sonn? Wéi eng Planéiten ginn et nieft eiser Äerd? Huet de Mound wierklech Lächer? Mir stellen de Sonnesystem an d’Moundphasen duer, a léieren eis Nopeschplanéiten besser kennen.
Schwimmen & Sinken
Firwat geet eng kleng Nol aus Metall am Waasser ënner wärend e grousst Schëff schwamme kann? Mir experimentéiere mat allerhand Géigestänn a probéieren erauszefannen, wéini eppes schwëmmt a wéini net.
D'Geheimnisser vun de Kraider entdecken
Mir kucke, richen a schmaachen verschidde Kraider . Mir léieren, wat an dëse Kraider stécht. Mir fannen eraus, wat een alles domadder maache kann: z.B. eppes Guddes fir z’iessen oder ze drénken oder eppes fir de Kierper, eng Salef z.B.
de Mikroskop-Führerschäin
Fir dat d'Schüler bei Aktivitéite wéi ``Déieren am Waasser`` oder ``Experimenter am Labo`` autonom mam Mikroskop ëmgoe kënnen, kréien si d'Méiglechkeet an engem Nomëtteg d'Fonctionnement vun dësem Gerät ze léieren.
Experimenter am Labo 1
Mir léieren d'Material aus dem Labo kennen a maachen interessant Experimenter.
Experimenter am Labo 2
D'Schüler erfuersche mat klengen Experimenter d'Eegenschaften a méiglech Ëmwandlunge vu verschiddene Stoffer aus hirer Ëmwelt.
Experimenter am Labo 3
Flott Experimenter fir d'Schüler aus dem Cycle 4
D'Feier 1:Experimenter mam Feier
Kleng Aféierung an d‘Theorie vum Feier. Duerno maache mir am Labo Experimenter mam Feier z.B. eng Téirakéit bauen oder probéiere Feier ze machen ouni Briquet oder Fixfeier. Nodeems een eng éischte Kéier do war, kann een sech fir een zweete Rendez-Vous umellen. Dee Moment kënne mer eraus goen an dobaussen e Feier maachen, dëst läschen, Kuelen hierstellen asw.
Käerzen aus Beiewuess
Mir géissen oder zéie Käerzen.
Bedeelegung pro Kand: 5€
Wëllkraiderkamellen
Verschidde Kraider huele mir méi genee ënnert d’Lupp, si eegene sech fir Kamellen hirzestellen
Lego Education 1
einfach Maschinne verstoen mat Lego Education
Lego Education
Mat Lego Education Spike Essential mussen d'Schüler probéieren Challenges ze léisen an op eng kreativ Aart a Weis Léisunge fir Problemer ze fannen. Mat Hëllef vun engem I-Pad schreiwen si e Code (ähnlech wéi Scratch) mat deem si dat wat si gebaut hu steieren.
Propolis, e Wonnermëttel
Wou kënnt en hir de Propolis ? Wat fir eng Eegeschaften huet de Propolis ? Hei stells du verschidde Wonnermëttel op Basis vu Propolis hir. (Salëf, Balsam, Creem, Zännpasta, Mondwaasser, Sampoo a Kamelle)
Bedeelegung pro Kand: 5€
Moossen a vergläichen
Vu Milliliter bis Kilometer, duerch verschidden Übungen a Spiller probéiere mir e Gefill fir déi verschidde Gréissten ze kréien.
Elektrizitéit
Wat ass Stroum a wéi funktionéiert en? Mir baue verschidde Stroumkreesser. Kréie mir de Motor un d’Lafen an d’Luucht un d’Liichten?
Naturfaarwen hirstellen
Mir stellen Faarwen aus natierlechen Stoffer hier.
Dës Aktivitéit kann ee moies maan, da kritt een d'Faarwe mat fir an der Klass ze moolen. Wann een de ganzen Dag kënnt, moole mer nach zesummen am Fuerscherhaus. Sot eis wegl. bei der Aschreiwung Bescheed, wat dir léiwer hutt.
Mat Kraider kachen
No enger kürzer Aleedung an d’Welt vun de Kraider sammele mir engersäits wëll Kraider wéi z.B . Brennnesseln oder Schafsgarbe a maachen domadder Zopp, Téi oder soss nach eng Leckerei.
Anerersäits plécke mir e puer vun de herkömmleche Kraider am Beet virum Fuerscherhaus a maachen dorauser Pesto, Sirop oder soss nach eng Iwwerraschung. Et gëtt vill Méiglechkeeten!
Participatioun: 3€ pro Kand
Blattfarbstoffe chromatographieren
Firwat veränneren d'Blieder hir Faarw am Hierscht? Mir sammele fir d'éischt Blieder, duerno probéiere mir eraus ze fannen aus welleche Faarwen d'Faarw vum Blat besteet.
Séissegkeeten
Wéi gesond sinn se fir eis? Aus wat bestinn se ? Wéi gi se hirgestallt? No enger kuerzer theoretescher Aféirung stelle mir selwer Séissegkeeten hir a gesi soumat, aus wat se bestinn a versti wisou mer der net ze vill al Dag iesse sollen.
Wat ass Schwéierkraaft?
• Moies ginn am Labo ganz einfach Experimenter mat der Schwéierkraaft an der Fliehkraaft gemaach....D’Schüler kréien d’Geschicht vum Newton a vum Apel erzielt...
Wéi kann een der Schwéierkraaft trotzen? Wat ass méi liicht wéi Loft? Fléie mat Réckstouss....D’Schüler kréien e Fuerscherheft wou di eenzel Experimenter opgelëscht sin a wou si interaktiv kënnen a klenge Gruppe schaffen. Experiment mat der Waasserfläsch-Rakéit.
• Mëttes (Cycle 3-4) gëtt am Atelier no Plang a Gruppen eng Rakéit mat PET-Antrieb gebastelt...
d'Waasser & d'Waasser zu Miersch
Vum Salzwaasser an de Mierer zum Krunnewaasser bei eis doheem : Mir verfollegen de Wee vum Waasser a ginn de Waasserbaseng zu Miersch kucken.
Weiderféierung an Zesummenaarbecht mat der SIDERO (net ënnert der Leedung vun der LWS).
Seefeblosen
Mir mëschen eis eege Seefebloseflëssegkeet a maache mat verschiddene Géigestänn Seefeblosen: klenger, grousser, ronner....oder ginn et och eckeger? Mir probéieren et aus!
e Fleece Fuedem aus PET Fläschen (NEW)
Wéi soll dat goen, aus Plastik e Fuedem hierstellen fir z.B. e Pullover drauss ze maachen. Geet ganz einfach e besser Geduld a Fangerspëtzegefill Brauchs du doofer schon. Komm a Probier einfach mol!
Beien a Bionik
Wat hu mir eis vun de Beien ofgekuckt?
Magnétismus
Wat zitt sech un, wat stéisst sech of? Mat Spiller probéiere mir dem Magnetismus op d’Spur ze kommen.
Beiewuessduch
Du wëlls eppes fir d’Ëmwelt maachen ? Du wëlls manner Plastik oder Alufolie benotzen ? Dann ass dat hei genee dat richtegt ! Du mëchs dir mat Beiewuess eng nohalteg Ökofrischhaltefolie an déi’s du all Dag deng Schmier kanns awéckelen.
Participatioun pro Kand: 2€
Recycling a Pabeierhirstellung
Wat ass Recycling? Wat gëtt aus recyceltem Material hirgestallt? Wéi kënne mer clever akafen an Offall vermeiden? D’Kanner léieren di verschidden Zorte vun Offall kennen a mat engem Spill richteg ze zortéieren. Mir verfollegen och de Wee vum Offall bis zum Recyclage andeems mer selwer Pabeier hirstellen.
Seef hirstellen
Aus wat besteht eng einfach Seef ? Hei kanns du experimentéieren an deng perséinlech Seef kreéieren.
Lego Educatio Spike Prime
D'Schüler léise verschidden Challlenges; mat Hëllef vun engem Ipad programméiren si hir Konstruktiounen a verbesseren oder erweideren se.