Mir bauen e Boot
Mir maachen eis éischt Erfarungen mat Hummer, Neel a Schläifpabeier a bauen eis e klengt Boot.
de klengen Igel
Mir bauen e klengen Igel a maachen domat eis éischt Erfarunge mat Schläifpabeier, Neel an Hummer
d'Nolfouss-Monster
Mir léiere mam Hummer ëmzegoen a bauen e klengt Nolfouss-Monster.
Klassespiller gestalten
D’Schüler bauen a bastelen e puer kleng Spiller (Stempelen, Plastilinn, ...) déi se herno mat an hir Klass huele kënnen.
Mir hummeren e Bild
Mir hummeren zu all Joreszäit : e Chrëschtbeemchen, en Häerz, en Igel, e Buschtaf oder ganz fräi, ... Mir riichten eis ganz no äre Wënsch/Themen
éischt Schrëtt am Atelier
Seeën, schläifen, festneelen, uschrauwen, ...
D'Schüler kréien e puer Iddien zu engem Thema gewisen an duerfen da fräi am Atelier schaffen an iwwert hiert Wierk bestëmmen.
Méiglech Themen: Déieren, Autoen, eng Stad bauen
De Reen-Rouer
Mir bastelen e Reen-Rouer. An ärer Klass kënnt dir de Rouer mat Papier Mâché akleeden a flott umolen.
Mir baue verschidde Gefierer
D’Schüler kënnen unhand vum Material verschidde Gefierer fräi bauen (Trakter, Walz, Camion, ...).
Mir bauen Déieren aus Holz
Jiddwer Kand baut sech aus Holz säin eegent Déier zesummen
Kloterkiewerlék
Hei kloteren d’Kiewerleken em d’Wett..... Jiddwer Kand entwerft säi Kloterkiewerlek a baut en duerno. An der Klass kann de Kiewerlek dann nach gemoolt ginn.
D'Rechemaschinn
All Schüler baut seng eegen kleng Rechemaschinn mat 4 x 5 Pärelen.
Mir bauen e Roboter
Aus Holz an Iwwerreschter vun Elektrogeräter baut sech all Kand e Roboter zesummen.
TIC TAC TOE
Mir bauen eis e flott Tic Tac Toe Spill
d'Jickelabyrinth
D'Schüler entwerfen a bauen sech ee Labyrinth aus Holz.
Schrauwe, kucke, raumen
Mat dem richtege Material zerleeë mer futtis elektresch Geräter, entdecke wéi et bannendran ausgesäit a probéieren ze verstoe wéi se funktionéieren. Duerno kategoriséiere mer déi verschidde Materialien a raumen dës an hir Këschten.
Cycle 3 & 4 : D’Motore gi gezielt ausgebaut*. D’Schüler kënnen eventuell eppes mat hirem Material bauen.
* Wann de Léid-Führerschäin gemaach ginn ass.
D'Katapult (NEW)
Nodeems mir eis verschidde Katapulter ugekuckt a se matenee verglach hunn, ass et un de Schüler a klenge Gruppe performant Katapulter ze bauen.
de Schnëtzführerschäin
D'Kanner léieren de sëcheren Emgang mam Messer a kréie gewisen wéi ee schnëtzt.
Geobrieder bauen
All Kand baut säin eegent Geobriet an erfënnt eege Motiv-Kaarten déi an der Klass benotzt kënne ginn.
De Léitführerschäin
Duerch eng kleng Léid-Aufgab léieren d'Schüler wéi se mam Léid-Material ëmgoe sollen.
d'Fudderhaischen
Du wëlls d’Villercher am Wanter fidderen an si vu no gesin? Hei bastels unhand vun engem Plang e praktëscht Fudderhaisschen.
Bedeelegung pro Kand: 8€
de Knätsch Automat
D’Schüler bauen hiren eegene klenge Knätsch-Automat unhand vun engem Plang.
Villchen
Mir bauen e Villchen aus Holz. D’Schüler sichen sech selwer ee vun deenen 2 Modeller eraus a bauen en no. De Villche kann dann duerno an der Klass gemoolt ginn.
de Watschelroboter
D’Schüler baue no Plang een elektrësche Watschel-Roboter...
D'Héngerdéiwen (NEW)
Mir schaffe mam Standbuerer a mam Brennkolben fir e flott Spill ze bauen.
Bau dech schlau: Booter
Mir bastelen aus verschiddene Materialien Booter, mat oder ouni Motor. Et ass vu Virdeel, wann een d’Basiskenntnisser vun der Aktivitéit iwwert d’Elektrizitéit huet.
Quarto, e flott Spill selwer bauen
Bei dëser Aktivitéit bauen d'Kanner hir eegent Spill (Quarto). E bëssen handwierklech Geschéck ass hei gefrot. Mir léieren richteg moossen, seeën a schläifen. D'Spillregele vu Quarto ginn natierlech och erkläert 😉
den Draach (NEW)
Un Hand vun engem Bauplang bastels du dir selwer en einfachen Draach.
Bedeelegung pro Kand: 5€
den Nistkasten
Un Hand vun engem Bauplang bastels du dir selwer en einfacht Vullenhaischen (Nistkasten).
Bedeelegung pro Kand: 7€
eng Luucht bauen
Mir bauen eis eng flott Luucht fir op de Bureau oder bei d'Bett ze stellen. No engem Plang seeë mir déi verschidden Eenzelstécker eraus, schläifen se, sträichen se un a bauen se zesummen.