Hit enter to search or ESC to close
Ecole fondamentale de MerschEcole fondamentale de MerschEcole fondamentale de Mersch
  • Nouvelles
  • Communauté scolaire
    • Organisation scolaire
      • Comité d’école
      • Commission scolaire
      • Délégués à la sécurité
      • Bâtiments et enseignants
    • Informations
      • Bustransport
      • Horaires
      • Vacances scolaires
      • Répartition des enfants
      • Inscription Cycle 1 Précoce
    • Partenaires
      • Commune Service scolaire
      • Direction régionale
      • Représentants des parents d’élèves
      • I-DS
      • I-EBS
  • Projets & Activités
    • Fuerscherhaus
      • Aktivitéiten Labo
      • Aktivitéiten Atelier
      • Aktivitéiten Outdoor
      • Inscription
      • Dokumenter & Formulairen
    • Projets
      • PDS
      • Krounebierg TV
      • MiCo – Mierscher Schülercomité
      • Clever Move
    • Activités
      • Formulaire Sorties Pédagogiques
      • Bibliothèques
      • Psychomotricité, expression corporelle, sports et santé
      • Info um Krounebierg
      • Musique
  • Parascolaire
    • Maison relais
      • Maison relais Nic Welter
      • Maison relais Krounebierg
    • Sport
      • Fit Kanner Miersch
      • LASEP
    • Art
      • Art à l’école asbl
      • Mierscher Lieshaus
    • Liens
  • Contact

Aktivitéiten Outdoor

mat Kuelestëfter molen

Précoce bis Cycle 3

Mir stellen Kuelestëfter hir a molen domat...

  • 1 Moien oder 2 Mëtteger

e Grillspieß schnëtzen

Cycle 2

Mir sichen ee geegenten Aascht an da schnëtzt all Kand säin eegen Grillspiiss.
Duerno grille mir um Feier Marshmallows mat eisem Spiiss.

  • 1 Mëtteg
    Prérequis: de Schnëtzführerschäin

d'Wiss

Cycle 1, Cycle 2 & Cycle 3

Ab Mäerz fänken d’Wisen sou lues un erëm ze erwächen. Et kann een déi éischt Frühblüher beobachten an eventuell och schonn Insekten a Vullen entdecken, déi hei hiert Onwiesen dreiwen. Dat ass ewéi eng Sinfonie vun Téin, kombinéiert mat verschiddene Gerécher a ville flotte Faarwen fir eis Sënner. Mir kucken, lauschteren, richen a - wien weess - villäicht sammele mir och Saachen, déi mer duerno schmaache kënnen.

  • 1 Moien
    Period: ab Mäerz

Mam Mikroskop ennerwee

Cycle 2, Cycle 3, Cycle 4

Nodeems mir de Mikroskopen-Führerschäin am Fuerscherhaus gemaach hunn, maache mir eis op de Wee an de Bësch fir d'Natur vu ganz no ze gesinn. Eis Entdeckungen hale mir an engem klenge Fuerscherheft fest.
1 Moien am Bësch (all d’Gebaier) /1 Mëtteg am Park (Albert Elsen a Nik Welter) wegl. an der Demande präziséieren

  • 1 Moien am Bësch (all d’Gebaier) /1 Mëtteg am Park (Albert Elsen a Nik Welter)

En Trëppeltuer duerch d'Mamerlayen

Cycle 2, Cycle 3 & Cycle 4

Mir ginn ze Fouss an d’Mamerlayen an entdecken zesummen dës flott Géigend an e puer Hielen. Op eisem Trëppeltuer siche mer och no Spuren vun Déieren an/oder Mënschen, déi sech hei ophalen oder opgehal hunn.

Vum 16.09 bis den 15.11 a vum 15.04 bis den 15.07. D’Schüler brauchen onbedéngt al a robust Kleeder déi kënne knaschteg ginn, fest Schong, een Helm (z.B. Veloshelm) an eng Täscheluucht.

  • 1 Moien oder 1 Dag

Mir ginn op Spueresich

Cycle 2, Cycle 3 & Cycle 4

Wat ass eng Déierespuer? Wéi eng Deieren liewe bei eis am Bësch? Moies si mer dobaussen am Bësch a Mëttes ënnersichen mir d'Eilekatz.

  • 1 Moien oder 1 Mëtteg

mir bauen en Ennerdaach

Cycle 2, Cycle 3 & Cycle 4

D’Kanner léieren verschidden Hütten ze bauen...
Mëttes gët gegrillt,puer Spiller gemaach

  • e ganzen Dag

Mir schnëtzen eng Holzforschette oder en Holzläffel

Cycle 3 & Cycle 4

D’Kanner gesinn déi wichteg Schnëtzreegelen an Handgrëffer a léieren déi unzewenden.
All Kand schnëtzt seng eege Forschette/Läffel, duerno versiche mir domat ze iessen, wat mir gekacht oder gegrillt hun.

  • e ganzen Dag
    Prérequis: de Schnëtzführerschäin

Liewensraum Buedem

Cycle 1 bis Cycle 4

Wat liewt a krabbelt alles am Buedem, ënnert Blieder, ënnert Steng oder engem Bamstamm? Mat Becher, Lupen a Mikroskoper maache mir eis op d’Sich no klenge Buedemdéieren a versichen se ze bestëmmen. (Mäerz bis Oktober)

  • 1 Moien oder 1 ganzen Dag
    Prérequis: de Mikroskopeführerschäin (Cycle 3 & Cycle 4)

Liewensraum Baach/Weier

Cycle 1 bis Cycle 4

Mat Kescher, Lupen a Mikroskoper erfuersche mir Moies de Liewensraum Baach a Mëttes de Liewensraum Weier. Wéi propper sinn eis Baachen? Wat schwëmmt a krabbelt am Waasser? Mir fësche kleng Déiercher aus de Baachen an aus dem Weier ... awer nëmme fir se ze bestëmmen. Duerno loosse mir se nees fräi.

  • 1 Moien oder 1 ganzen Dag
    Period: Abrëll bis Enn September
    Prérequis: de Mikroskopeführerschäin (Cycle 3 & Cycle 4)

Visite um Beiestand

Cycle 1 bis Cycle 4

Mir kréien en Abléck an e Beiestack a léieren eppes iwwert d’Beien.

Hei gëtt versicht op all de Kanner hir Froen ze äntwerten.
- Mee/Juni Fréijoershunneg schleideren.
- Ufank Juli Summerhunneg schleideren.
Déi ugemellte Schoulklasse kréie kuerzfristeg Bescheed gesot wann et esou wäit ass.

  • 1 Moien oder 1 ganzen Dag
    Period: Enn Oktober

Beweis däi Courage!

Cycle 1 - Cycle 4

Klamm- a Schaukelspillgeräter mat Seeler a Slackline probéieren
Fir d’Schüler aus dem Cycle 1-3.1. baue mir verschidde Bëschschaukelen a Brécken op, déi si dann testen.
D’Schüler aus dem Cycle 3.2 a 4 hëllefen a léieren verschidde Kniet fir Brécken ze bauen.

  • 1 Moien (Cycle 3 & 4) oder 1 Mëtteg (Cycle 1 & 2)

mat Kannerféiss am Bësch

Cycle 1 bis Cycle 4

De Bësch an d’Natur mat alle Sënner iwwert d’ganzt Joer erliewen. duerch Bëscherliewnisspiller, Aktivitéiten an Experimenter fir dobaussen. Mir si bei quasi all Wieder ënnerwee (Dës Aktivitéit fält bei Stuerm a Blëtzer aus a gëtt nogeholl).

  • 1 Moien oder 1 ganzen Dag

Mathematik am Bësch

Cycle 3 & Cycle 4

Einfach Rechnen mat Naturmaterialien fir de Cycle 3
Am Cycle 4 léieren d’Schüler rechnen wéi de Fierschter. Wéi berechent een d’Héicht, den Ëmfang, den Holzvolume, den Alter, de Präis vun engem Bam/Bamstamm? Duerno maache mir nach e puer Bëschspiller.

  • 1 Moien oder 1 Mëtteg

Nature Art

Cycle 1 - Cycle 4

Passend zur Joreszäit a je no Wieder gi mer kënschtleresch an der Natur aktiv.

  • 1 Moien oder 1 Mëtten

mat der Spektiv an d'Natur

Cycle 1 - 4

Mir gi mat der Spektiv an d’Natur a léieren do Déieren (Villecher,...) ze beobachten.

  • 1 Mëtteg (Cycle 1 & 2)
    1 Moien (Cycle 3 & 4)

Entdeckungssafari duerch Miersch

Cycle 3 & Cycle 4

Albert Elsen? Nic. Welter ? Cecile Ries? Wien sinn dës Persounen? Wat heeschen déi kleng Fändelen um Draach op der Meschelsplaz? Eng réimesch Villa zu Miersch? Froen iwwer Froen. Duerch eng kleng Wanderung duerch Miersch sollen d'Schüler léieren, mat oppenen Aen duerch Miersch/d'Welt ze goen a sech froen zu hirer Ëmwelt ze stellen.

  • 1 Moien

Feier 2: Feier maachen ouni Briquet a Fixfeier

Cycle 3 & Cycle 4

D’Kanner léieren wéi een op verschidde Manéier kann Feier ouni Fixspéin maachen, wat een alles dozou brauch a wéi eng Sécherheetsmoossnamen een do muss beuechten.
Duerno kache mir Téi an eng Zopp um Feier.

  • 1 Moien

Feier maachen a Brout baken

Cycle 3 & Cycle 4

Mir stellen aus Weesskäeren Miel hir. Dann maache mir Feier a bake Brout oder Fladenbrout um Feier. Oder mir maachen Pangécher mat Nutella.

  • 1 Moien

e Bou schnëtzen

Cycle 4

D'Kanner schnëtzen hiren eegene Bou.

  • 2x moies oder 1 Dag
    Prérequis: de Schnëtzführerschäin

Mir schnëtzen en Holzmesser

Cycle 4

D’Kanner gesinn déi wichteg Schnëtzreegelen an Handgrëffer a léieren déi unzewenden.
Mir siche passend Benglen an da schnëtzt all Kand säin eegent Messer.
Mir maachen e Feier a baken Fladenbrout dat mir mat eisem Messer ze straichen.
Eventuell gëtt och nach gegrillt.

  • e ganzen Dag
    Prérequis: de Schnëtzführerschäin

Pfeil an Zilrang hirstellen

Cycle 4

Virkenntnisser: Schnëtzführerschäin an de Bou geschnëtzt hun. D’Kanner beherrschen déi wichtig Schnëtzreegelen an Handgrëffer. Si hu schon hire Bou geschnëtzt a stellen elo hir eege Pfeiler hir an duerno versiche mir duerch en Ziilrang oder op eng Ziilscheif ze schéissen.

  • 1 Moien oder 2 Mëtteger
    Prérequis: Schnëtzführerschäin & Aktivitéit Bou

mir bauen eng Steeschleider

Cycle 4

Mir sichen eng geegent Aaschtgafel an da schnëtzt all Kand seng eegen Steeschleider.
Duerno versiche mir op Bécksen ze zilen.

  • 1 Moien oder 2 Mëtteger
    Prérequis: de Schnëtzführerschäin

den Holzgasuewen

Cycle 4

Mir bauen en Holzgasuewen a kachen dorop...
D’Schüler mussen jeweils 2 Béchse matbréngen...

  • 1 Moien oder 1 Mëtteg

Orientéirungslaf

Cycle 4

Mat Hëllef vu Kompass a Kaart maacht dir an Ekippen zu je 4 Schüler en Orientéierungslaf duerch de Bësch.

  • 1 Moien oder 1 Mëtteg

De Bam

Cycle 2 - Cycle 4

Je no Joereszäit gesäit de Bam anëscht aus. Wéi eng Sorte Beem hu mir am Bësch ? Wat ass d’Fotosynthese ? De Bam als Liewensraum. Aus wéi engen Holzschichte besteet de Bam a wat ass hir Funktioun ? Wat ass Harz a wat ass seng Funktioun a wéi schmaacht den Harz ? De Liewensraum Bësch.

  • 1 Moien

Vullefudder

PRE - Cycle 4

Du wëlls d’Villercher am Wanter fidderen ? Wat dierfen si friessen ? Hei stells du verschiddent Vullefudder hir.

  • 1 Mëtteg

© 2025 Ecole fondamentale de Mersch.

  • Nouvelles
  • Communauté scolaire
    • Organisation scolaire
      • Comité d’école
      • Commission scolaire
      • Délégués à la sécurité
      • Bâtiments et enseignants
    • Informations
      • Bustransport
      • Horaires
      • Vacances scolaires
      • Répartition des enfants
      • Inscription Cycle 1 Précoce
    • Partenaires
      • Commune Service scolaire
      • Direction régionale
      • Représentants des parents d’élèves
      • I-DS
      • I-EBS
  • Projets & Activités
    • Fuerscherhaus
      • Aktivitéiten Labo
      • Aktivitéiten Atelier
      • Aktivitéiten Outdoor
      • Inscription
      • Dokumenter & Formulairen
    • Projets
      • PDS
      • Krounebierg TV
      • MiCo – Mierscher Schülercomité
      • Clever Move
    • Activités
      • Formulaire Sorties Pédagogiques
      • Bibliothèques
      • Psychomotricité, expression corporelle, sports et santé
      • Info um Krounebierg
      • Musique
  • Parascolaire
    • Maison relais
      • Maison relais Nic Welter
      • Maison relais Krounebierg
    • Sport
      • Fit Kanner Miersch
      • LASEP
    • Art
      • Art à l’école asbl
      • Mierscher Lieshaus
    • Liens
  • Contact