D’Chantal Keller vun der Blëtz asbl war am Cycle 4 an der Klass Napoli-Schaus op Besuch an huet vill Interessantes zum Thema “Wat ass een Hiereschlag?” erzielt. Engersäits well d’Opklärung an all Alter wichteg ass, an natierlech awer och well hire Matschüler, den Noah och een AVC hat, nodeems hie réicht puer Deeg op der Welt war.