Inspiréiert vum Buch Viele Grüße, deine Giraffe hunn d’Nora May an de Matheo Majerus aus dem Cycle 3.1 (Klass Glaesener) hir eege Geschicht zum Liewe bruecht.

De Matheo huet mat vill Fantasie an Ausdauer d’Geschicht geschriwwen. D’Nora huet dës Geschicht mat vill Kreativitéit a Léift zum Detail duerch seng Illustratioune lieweg gemaach.

Mir si ganz houfreg op hiert Engagement, hir Fantasie an hir flott Zesummenaarbecht. E grousse Bravo un déi zwee fir dëse gelongene Projet!