De Schoulbuet éiert d’Cécile Ries, ee Virbild fir eis all.
D’Cécile Ries, gebierteg vu Miersch, enseignéiert vun 1934 un zu Tënten. Zënter der Besatzung 1940 widdersetzt sech d’Léierin der NS-Ideologie an engagéiert sech vun 1942 un an der LPL (LëtzebuergerPatriote Liga).
Wéinst hirer „deutschfeindlichen Haltung“ gëtt si strofversat, 1942 vum Schouldéngscht suspendéiert, am Juni 1943 festgeholl an am September 1943 an d‘KZ Ravensbrück deportéiert.
Trotz Knachenaarbecht verléiert si och als Zwangsaarbechterin ni de Bléck fir hir matgefaange Komerodinnen. De Februar 1945 gëtt d’Cécile Ries an d’KZ Bergen-Belsen deportéiert, wou si de 15. Abrëll 1945 vun den engleschen Truppe befreit gëtt.
Nom Krich a bis zu hirer Pensionéierung 1964 enseignéiert d’Cécile Ries zu Miersch an an der Stad, engagéiert sech a patriotesche Veräiner a publizéiert Gedichter.
Le bulletin scolaire honore Cécile Ries, un modèle pour nous tous.
Cécile Ries, originaire de Mersch, enseigne à Tuntange depuis 1934. Dès l’occupation en 1940, l’enseignante s’oppose à l’idéologie nazie et s’engage dès 1942 dans la LPL (Lëtzebuerger Patriote Liga).
En raison de son attitude hostile à l’Allemagne, elle est mutée à titre disciplinaire, suspendue de ses fonctions en 1942, emprisonnée en juin 1943 et déportée au camp de concentration de Ravensbrück en septembre 1943. Malgré le travail éreintant, la prisonnière s’occupe sans relâche de ses camarades détenues.
En février 1945, Cécile Ries est déportée au camp de concentration de Bergen-Belsen, où elle est libérée par les troupes anglaises le 15 avril 1945.
Après la guerre et jusqu’à sa retraite en 1964, Cécile Ries enseigne à Mersch et à Luxembourg-ville, s’engage dans des associations patriotiques et publie des poèmes.