Endlech ass eise Site vun der Videotheik erem fonktionell an dir kennt iech vun elo un erem DVDen ausléinen.

Dofir musst der folgendermoosse virgoen:

– iech mat Benutzername: ***** an Passwuert: ****** aloggen 
– da kommt der op de Startbildschierm 
– well mer iwwer 2000 Filmer a Spillfilmer hun op bal 700 DVDen, muss der iwwer d’Fonktioun « Suche » 
  uewe riets Filmer no Titel oder Stechwuert sichen
– mam Suchwort « Ernährung » kommen dann z.B. 20 Filmer eraus 
– di kennt der eenzel uklicken an der kritt da weider Infoen zum Film 
– wann der eng DVD wellt hunn, musst der dann op desem Screenshot op « Diese DVD reservieren » klicken
– da geet eng nei Fenster op  wou der äre Numm, Mail a winni der se wellt hun agitt 
– der hutt eng DVD am Prinzip spéitstens den Daag dono an ärer Case
– wann der se net mi braucht, leet se am Portier oder meng Case zereck.
 
Vill Spaass beim Sichen!
Alain Lentz